DE LÄB

Zënter bal 20 Joer gehéiert de Läb zu deene wichtegste Nimm aus der Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen. Mat lëtzebuergeschen Texter, schaarfer Gesellschaftskritik, vill Ironie an enger explosiver Mëschung aus Old-School Boom-Bap, Funk a Live-Instrumenter hu si hire ganz eegene Sound geschaf.

De Läb huet schonn op bal all grousser Bün am Land gespillt a war souguer als Supportact fir international Gréisste wéi Snoop Dogg a Cypress Hill ënnerwee.

Geschichten aus dem Alldag, Minetter Charme an eng gutt Portioun Ironie – De Läb bréngt alles mat, wat et fir e legendäre Festivalofschloss brauch.

De Läb. Live zu Eschduerf. Als Headliner vum Wisefestival 2026.
Dat dierft dir op kee Fall verpassen!

THE DISLIKED

Zënter méi wéi 20 Joer gehéieren The Disliked zu den gréissten Live-Exporter vun der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat enger explosiver Mëschung aus verschiddene Genrë bréngt d’Band eng Energie op d’Bün, déi gudd Laun verbreet an direkt ustiechend ass.

Hir fréi Punk Deeg goufe suivéiert vun enger Ska-Episod, déi zu der Mëschung vun haut gefouert huet, ugedriwwen duerch Reggea Beats, quiitschende Blech- a Blosinstrumenter a rockende Guitarren.

A wéi wann dat net genuch wier: dëse Mount hunn The Disliked och nach en neien Album released! Deemno nach ee Grond méi, sech op hir Show um Wisefestival ze freeën.

BENNY AND THE BUGS

Mat Lëtzebuerger Texter, vill Humor an hierer ganz eegener Manéier brénge
Benny and the Bugs Musek op d’Bün, déi Geschichten erzielt.

Mat Klassiker wéi ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hu si hier ganz egen Art a Weis, fir d’Publikum op hieren rar geséinten Live-Optrëtter ze begeeschteren a mat anzebannen. 

Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen.
Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!

DR. GONZO

Als feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Musekszeen ass den Dr. Gonzo zënter Joerzéngten hannert den Turntables aktiv a bekannt fir seng energiegelueden a matreesend Sets aus Reggae, Ska a Punk.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och op Festival- a Clubbühnen huet hien sech ee Numm gemaach an ass eng reegelrecht Legend an der Lëtzebuerger Musekzeen!

Maacht iech prett fir en Owend voller Musek, Danz a richteger Festivalstëmmung ënner fräiem Himmel! Mam dr.gonZo gëtt Eschduerf fir een Owend zum groussen Open-Air Dancefloor.

ROCKET MONKEY
LOVE MACHINE

Déi véierkäppeg Band aus Däitschland bréngt eng energesch Mëschung aus Melodycore, Punkrock a Rock’n’Roll op d’Bün. Mat rauem Gesang,
séiere Gittaren an enger grousser Portioun Humor suergt RMLM fir eng
Show voller Energie a gudder Laun.

Hei gëtt net roueg nogekuckt — hei gëtt matgesprongen, matgesongen a gedanzt! Rocketmonkey Lovemachine wäerten Eschduerf definitiv op
Betribstemperatur bréngen.

BOY FROM HOME

Hannert dem Projet stecht den Damien Giudice, deen mat enger Mëschung aus Punk, Rock’n’Roll, Folk an emotionalem Singer-Songwriting eng eenzegaarteg Atmosphär op d’Bün bréngt. Dëse Summer geht hien rem zereck bei säin Unfang - just hien a seng Gitarre - waat awer net heescht, dass seng Musek manner Power huet.

Egal ob dir matsangen, matwippen oder einfach eng intensiv Live-Performance erliewe wëllt — dëse Concert sollt dir net verpassen!

CHALEE GREY

Mat senge Sets hëlt de chalee grey säi Publikum mat op eng musikalesch Rees duerch verschidden House Sounds a Beats. Hien ass iwwerzeegt, datt Musek eng universell Sprooch ass, déi Mënschen zesummebrénge kann, déi net méi ënnerschiddlech kéinte sinn — well House net just Musek ass, mee een eenzegaartegt Gefill.

FOLK DANDIES

Déi belsch Folk-Band kombinéiert traditionell Folkkläng mat vill Energie a suergt fir eng excellent Live-Show voller Rhythmus, Melodien a gudder Stëmmung. Mat Gei, Akkordeon, Gittar an enger ordentlecher Portioun Festival-Vibes huelen Folk Dandies iech mat op eng musikalesch Rees tëscht Folk, Celtic a gudder Stëmmung.


NEMESYS

Déi Lëtzebuerger Band kombinéiert modern Rock- a Pop-Aflëss mat vill Energie an enger staarker Bühnenpräsenz. Mat zwee markante Sängerinnen, bekannten Melodien an enger grousser Portioun Leidenschaft suerge si fir eng Live-Show, déi ee sech net entgoe loosse soll.

Besonnesch freeë mir eis, datt eng vun de Sängerinne selwer en Deel vun eiser Wisefestival-Famill ass an zënter Méint hannert de Kulissen un der Organisatioun vum Festival matschafft. Elo steet si endlech och op eiser Bühn – e Moment, op dee mir eis ganz besonnesch freeën.

Freed iech op eng energiegelueden Performance an eng Band, déi weist, wéi vill musikalescht Talent et zu Lëtzebuerg gëtt!

STAGE BEGGIN

Ugefong huet dem Naimy seng Musekskarriäre beim Lagerfeier op engem Scoutscamp! A kuerz duerno hat hat och scho säin éischten Optrëtt bei eise Kolleegen vum Funky Donkey zu Klierf!

Zënter dem ass hier Band a virun allem och hire Repertoire un eegene Lidder ëmmer weider gewuess a mir freeën eis ganz besonnesch op hiren Optrëtt op eisem Festival.

Mat enger Mëschung aus eegene Lidder a Coversongs a verschiddene Sprooche wäerte Sie mat hirer gudder Laun perfekt astëmmen an zum danze bréngen.


ESCHDOERFER MUSIK

Mir freeën eis, iech haut d’Eschdöerfer Musik unzekënnegen!

Mat vill Leidenschaft, Gemeinschaftsgefill an enger grousser Portioun musikalescher Freed gehéiert d’Eschdöerfer Musik fest zum kulturelle Liewe vun eiser Gemeng. Ob traditionell Blosmusek, festlech Melodien oder modern Arrangementer — si suergen ëmmer fir eng flott Atmosphär an déi richteg Stëmmung.

Wisefestival / Bands wanted /  12.09.2026 Eschdorf Luxemburg

Eis Late Night Busser féieren dech ganz bequem op de Festival an bréngen dech och duerno ërem sëcher Heem!

Du brauchs een Taxi deen dech nom Festival heem bréngt?