Eis

Maart-stänn

Wien waart op mech?

An der Entrée vun eisem klenge Festival, fann dir net nëmmen Kees an eise Merchstand vum Wisefestival an alle Bands, déi wäerten optrieden. Ma eben och e klengen Kreativmaart op dem eis 8 Aussteller, hier Kënschten zum Verkaf ubidden.

Hei fann dir elo schon e klengen Abléck an hier Saachen:

Keramik

Lëtzkeramik

Bei Lëtzkeramik fann dir dat perfekte Geschier fir är Kichen nach bëssi mei schéin ze maachen. Hier Tasen a Schosselen a verschiddenen Faarwen a Forme stelle si an hirem Atelier zu Lëppschent selwer hier. Kommt onbedéngt laanscht kucken, mir hunn héieren, hei gëtt et och de Scouten hier Liblingstaass an limitéierter Editioun ze kafen…

Schmuck

Meraki yourself

Bei Meraki yourself fann dir de perfekte Schmuck fir all Outfit nach bëssi méi extra ze maachen. D´Ouerréng, Klammeren an d´Schlësselunhänger ginn aus Epoxidharz gegoss a mat vill Passioun hiergestallt.

Stoff / Kraider

Naturpark Öewersauer

Beim Naturpark Öewersauer gi regional Produkter vum Séi verkaaft. Hei fannt dir zu Esch-Sauer gewieften Schaler, Loumëllen, Seefen, Téi, Kraider an nach villes méi.

Schmuck / Deko

Marion an Kim

Beim Marion fannt dir di perfekten Deko fir äert Doheem mei faarweg ze maachen. Mat vill Léift stellt hat verschidde Blummen a Blummebouqueten aus Pfeifenreiniger hier, een Hingucker bei dem een net mei un d’nätzen denke musst. Außerdem fannt dir hei um Stand och Dekoartikel aus Epoxidharz; eenzegaarteg Lesezeichen, Ennersetzter, Flaschenöffner Schlësselunhänger, Magnéiter, Ouerreng, kleng Spiller a villes mei.

Textil / Illustration

La Ceriserie Illustration

Hannert La Ceriserie Illustration steet eng Illustratorin di mat vill Faarf a süssen Designs probéiert dem Erwuesse sinn nach bëssi ze entkommen. Mat senge Stickeren, Kaarten, Hoerklammeren, Kappen, Poschen a Shirts bréngt hat Faarf a gutt Laun ënnert Leit.

Textil

Beim Nicolette

Beim Nicolette fannt dir eenzegaarteg, selwer gebitzen Produkter. Vun Kirschkernkissen an Bezich fir Wärmfläschen an Kühlpacks iwwert Schachtelen, Schminkposchen oder Petzien, hei ass fir jidereen eppes dobäi!

Keramik

Marielous Atelier a
Mikkeli Pottery

Beim Marieslous-Atelier an dem Mikkeli Pottery fann dir di verschiddenste Gebrauchsgéigestänn an Deko-Artikel aus Leem. Egal ob Tasen, Teller, Schosselen oder Käerzestänner esou wei di passend Doftkäerzen, hei ass fir jiddereen eppes dobäi. All Stéck ass een Unikat, gëtt lokal zu Lëtzebuerg an engem klengen Atelier hiergestallt a guff mat vill Häerz a Léift fir den Detail gemaach.

Paracord

Vanleina

Beim Vanleina fannt dir aussergewéinlech an individuell Produkter fir är 4-Beeneg Kolleegen. Egal ob Halsbänner fir Hënn a Katzen, Léngten a Geschier oder Halfter a Führstricke fir Päerd, et ass fir jiddereen eppes dobäi. All Produkter sinn aus Paracord an Biothane gemaach an gi mat vill Léift an Sorgfalt hiergestallt. Ob Wonsch kennen och individuell Produkter hiergestallt ginn.

Mir freeën eis ob däi Besuch!