Wat erwaart mech um Wisefestival?

De Wisefestival ass een Open-Air Musekfestival organiséiert vun den Eschduerfer Guiden a Scouten. Vun 12:00 Auer un wäerte local a lëtzebuerger Artisten iech mat hiren feinste Kläng verféieren an Eschduerf zum danzen, grooven an ofgoe bréngen.

Mee d’Vilfalt vum Wisefestival geet wäit iwwer d’Musek eraus. Eng grouss Auswiel u Iess- Gedrénksstänn féiert iech kulinaresch mat enger grousser Offer duerch den Dag.

Och fir Familljen a Kanner ass gesuergt: Vun 12:00 -17:00 kënnen all eis Jonk an all déi déi sech sou fillen, an eiser Kids-Zone, kreativ Atelier’en, spilleresch Aktivitéiten an déi eng oder anerer Attraktioun erliewen.

Zousätzlech kënnt dir op eise Maartstänn vu lokale Kënschtler a Kreativen allerlee schéin a mat Léift gemaachte Saache entdecken – perfekt, fir e klenge Souvenir oder eppes Besonnesches mat Heem ze huelen.

De Wisefestival ass méi wéi just e Festival – et ass eng Geleeënheet fir zesummenzekommen, nei Leit kennen ze léieren an e flotten Dag an entspaanter Atmosphär ze verbréngen. Mir freeën eis op iech!

Stay tuned! Op dëser Säit posten mir regelméisseg Updates, iwwer Bands Ticket’en an Kënschtler.

Logo mit Berglandschaft, Sonne, Bäumen und Text 'Guiden a Scouten St. Primus Lüberf'.