KIDS-ZONE
Och eis jéngste Besicher kommen um Wisefestival voll op hier Käschten. An eiser Kids-Zone kënne sie vun 12:00 - 18:00 u flotten Atelier’en deelhuelen, sech moole loossen, selwer molen, fräi spillen a villes méi! Den Entrée fir Kanner bis 12. Joër, op de Festival, ass gratis!
Méi Detailer fann dir hei:
Wat erwaart iech?
Naturpark Öewersauer
Am Atelier vum Naturpark Öewersauer gi kleng Konschtwierker mat de Kanner kreéiert.
Aus Holz gëtt eng Wiewrumm gebastelt, an déi dono Naturmaterialien a Stoftreschter aus der Duchfabrik verwiewt kënne ginn.
-
De Naturpark Öewersauer befënnt sech am Nordwesten vu Lëtzebuerg, mat hirem Verwaltungszentrum zu Esch-Sauer. Zu hiren Aufgaben gehéieren d’Eegenaart an Vilfalt vun der Natur, Fauna a Flora ze erhalen an ze restauréieren, Qualitéit vu Buedem, Loft a Waasser ze sëcheren, Kulturerbe ze erhalen, eng nohalteg Entwécklung, esou wéi Tourismus- a Fräizäitaktivitéiten ze förderen.
Musekatelier mam Xavier
Ob engem Museksfestival dierf natierlech Musek och an eiser Kids-Zone net feelen. De Xavier schreift dofir a sengem Workshop mat klenge Gruppe vu Kanner Songtexter.
-
Gedëllegt iech nach kuerz mir schaffen drun ;-)
Zirkusatelier mam Marike
Beim Zaltimbanq kënnen Kanner zesumme mam Marike an d’Welt vum Zirkus antauchen. Sie hunn Méiglechkeet verschidden Techniken an Material auszeprobéieren an dobäi mat Beweegung, Gläichgewiicht a Kreativitéit ze spillen.
-
D’Marike ass Zirkuspädagogin a schafft bei Zaltimbanq’. A sengen pluridisziplinäre Course kombinéiert hat verschidden Zirkusdisziplinnen: Jongléieren, Balance, Eenrad, Buedem- a Loftakrobatik, Partnerakrobatik a villes méi.
Um Festival invitéiert d’Marike d’Kanner, d’Welt vum Zirkus selwer ze entdecken, verschidden Techniken a Material auszeprobéieren an dobäi mat Bewegung, Gläichgewiicht a Kreativitéit ze spillen.🎪🤹♀️
De Willi-Wiss Atelier
D’Maskottche vum Wisefestival, de Willi Wiss, huet een an deene läschte Méint iwwerall gesinn; egal ob Plakater, den Ticketen, am Internet, ob verschiddene Scoutsaktivitéiten oder laanscht Stroossen. Fir de Willi Wiss an Erënnerung ze halen, gëtt et um Wisefestival kleng Willi Wiss‘en an limitéierter Unzuel, déi Kanner an der Kids-Zone selwer umolen, an dono mat heem huele kënnen.
A villes Méih!
Nieft eisen ofwiesslungsräichen Atelieren a Workshops kënnen Kanner sech an eiser Kids-Zone och schminken a Glitzertattoos maache loossen. Außerdem steet eng flott Auswahl u Spiller zum selbststännege Spillen zur Verfügung.
Mir wëllen dorop hiweisen, dass Responsabilitéit fir Kanner zu all Moment bei den Elteren leit. Eltere sinn och gebieden op ee respektvollen Ëmgang mam Material opzepassen. Et sinn zwar zu all Moment Animateuren vun eis an der Kids-Zone, allerdéngs ass et hier Roll fir Atelier’en a Workshops ze leeden an den Oflaf ze koordinéieren.