Willi-Wiss Challenge
D'Juergd op de Willi Wiss ass amgaangen.
Insgesamt sinn 3 Willi'en uechtert d'Land verstoppt ginn. De Willi hält sech immens gär bei Scoutschalets op. Wann äre Grupp e Willi fënnt, dierft dir e bei ärem Home oder Chalet verstoppen. Dee Grupp den de Willi den 12. September mat op de Wisefestival bréngt gewënnt de jeeweilege Präiss!
Gewënnspill
✳︎
Willi Wiss
✳︎
Gewënnspill
✳︎
Willi Wiss
✳︎
Gewënnspill
✳︎
Challenge
Gewënnspill ✳︎ Willi Wiss ✳︎ Gewënnspill ✳︎ Willi Wiss ✳︎ Gewënnspill ✳︎ Challenge
De grénge Willi
Den grénge Willi ass éichter e Wäindrénker an hällt sech dofir leiwer am Süd-Osten vun eisem Ländchen op. Hien gouf awer den 10. August vun den Klierfer Scouten entfouert an op Housen verschleeft, vun do aus huet hien sech op de Wee op Dikkrech gemaach. Momentan ass hien wuel ënnerwee op Réiser..
-
De grénge Willi befënnt sech de Moment bei eise Scoutsfrënn vun Réiser, kuckt mol genau rondërem hiere Chalet..
-
Wann dir de grénge Willi den 12. September mat op de Wisefestival bréngt erwaarden iech 2 Bongen am Wäert vun 20€!
-
Wann dir e Willi eruewert hutt, maacht eng Foto a schéckt se eis iwwer Instagram als Beweis!
Duerno kënnt dir e siichtbar vierun äerem Home verstoppen, dass och aaner Gruppen Méiglechkeet hunn, enn ze erueweren. -
De Willi dierf net modifizéiert, beschiedegt oder zerstéiert ginn.
De Willi muss ëmmer accessibel sinn, also net op engem privaten Terrain
Hie muss esou verstoppt ginn, datt aner Gruppen eng realistesch Chance hunn, en ze fannen.
Et ass ausdrécklech erlaabt, e Willi vun enger anerer Grupp ze klauen. Klaut ewer w.e.g keng 2 oder 3 Willi’en gläichzäiteg.
Dëst Spill ass just fir Scoutsgruppen, kuckt also dass de Willi net vun Friemen gekidnappt gëtt
Spillt fair a respektéiert de Scoutsgeescht.
Den orange Willi
De orange Willi kënnt aus dem héije Norden, vill méi wäit am Norden wéi et Eschduerf ass an ass bekannt dofir, dass hien gäere mol ze déif an Glas kuckt. Vun Housen ass hien desläscht op Klierf geplënnert, vun do op Dikkrech, Ettelbréck an huet duerno eng gemittlech Plaatz zu Beetebuerg fonnt. Zu Beetebuerg war enn ewer net laang, well zu Leideleng eng méi lass war, fir duerno de Wee op Kayl ze fannen.
Haut ass hien zu Réimech ze fannen.
-
Den orange Willi befënnt sech de Moment beim Scoutschalet vun de Réimecher Guiden a Scouten, kuckt mol genau…
-
Wann dir den orange Willi den 12. September mat op de Wisefestival bréngt erwaarden iech 2 Meter Béier / Cola Wäin!
-
Wann dir e Willi eruewert hutt, maacht eng Foto a schéckt se eis iwwer Instagram als Beweis!
Duerno kënnt dir e siichtbar vierun äerem Home verstoppen, dass och aaner Gruppen Méiglechkeet hunn, enn ze erueweren. -
De Willi dierf net modifizéiert, beschiedegt oder zerstéiert ginn.
De Willi muss ëmmer accessibel sinn, also net op engem privaten Terrain
Hie muss esou verstoppt ginn, datt aner Gruppen eng realistesch Chance hunn, en ze fannen.
Et ass ausdrécklech erlaabt, e Willi vun enger anerer Grupp ze klauen. Klaut ewer w.e.g keng 2 oder 3 Willi’en gläichzäiteg.
Dëst Spill ass just fir Scoutsgruppen, kuckt also dass de Willi net vun Friemen gekidnappt gëtt
Spillt fair a respektéiert de Scoutsgeescht.
De rosa Willi
De rosa Willi hällt sech gäer bei de Scouten op, hien wees dass et do vill geselleg Leit gëtt mat deenen hien vill Zäit verbréngt. Zuläscht ass hien aus dem Zentrum an de Westen geplënnert. Am Westen hunn déi Bartrenger hien opgegraff, juste fir dass hien kuerz duerno vun deenen Diddelenger entfouert gouf. Dat huet Bartreng awer net laang op sech sëtze gelooss a sie hunn de Willi ërem zereck bei sech bruecht.
-
De rosa Willi befënnt sech de Moment beim Home vun de Bartrenger Scouten.
-
Wann dir de rosa Willi den 12. September mat op de Wisefestival bréngt erwaarden iech 5 gratis Entréesticket’en!
-
Wann dir e Willi eruewert hutt, maacht eng Foto a schéckt se eis iwwer Instagram als Beweis!
Duerno kënnt dir e siichtbar vierun äerem Home verstoppen, dass och aaner Gruppen Méiglechkeet hunn, enn ze erueweren. -
De Willi dierf net modifizéiert, beschiedegt oder zerstéiert ginn.
De Willi muss ëmmer accessibel sinn, also net op engem privaten Terrain
Hie muss esou verstoppt ginn, datt aner Gruppen eng realistesch Chance hunn, en ze fannen.
Et ass ausdrécklech erlaabt, e Willi vun enger anerer Grupp ze klauen. Klaut ewer w.e.g keng 2 oder 3 Willi’en gläichzäiteg.
Dëst Spill ass just fir Scoutsgruppen, kuckt also dass de Willi net vun Friemen gekidnappt gëtt
Spillt fair a respektéiert de Scoutsgeescht.
Opgepasst:
De Willi däerf net einfach agespaart oder onméiglech ze fannen sinn. Aner Gruppen mussen eng fair Chance hunn, en nees ze entdecken an ze klauen. Sou kann de Willi bis de Festival, den 12 September, vu Grupp zu Grupp wanderen.
Fir d'Spill nach méi spannend ze maachen, sinn d'Willi'e mat engem AirTag equipéiert. Reegelméisseg verëffentleche mir d'Positioun vun den AirTags an eisem Newsletter an op eiser Website. Do fannt dir och ëmmer déi aktuell Informatiounen, bei wéi enger Grupp sech d'Willi'e grad befannen.
!Wann dir e Willi eruewert hutt, maacht eng Foto a schéckt se eis iwwer Instagram als Beweis!